CGDIS3 Accidenter a 4 Blesséierter e Samschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Samschdeg den Owend zu enger Rëtsch Accidenter op eise Stroossen.
© CGDIS

Géint 17.40 Auer ass en Auto op der Areler A6, an der Bretelle fir op d'A3 an d'Leitplanke gaangen. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Stater Pompjeeë waren op der Plaz.

Op der A3, op der Héicht vun der Aire de Berchem, krute sech kuerz no 18 Auer 2 Ween ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten. D'Pompjeeë vun Hesper an aus der Stad waren am Asaz.

A kuerz virun 20 Auer war et nach eng Kollisioun tëscht 2 Autoen, déi Kéier um Houwald an er Rue Eugene Welter.. Hei goufen 2 Leit verwonnt an d'Hesper Pompjeeën waren do.

Back to Top
CIM LOGO