CGDIS3 Accidenter an 1 Auto a Brand

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt sinn en Donneschdeg direkt e puer Gefierer accidentéiert an een Auto huet gebrannt.
© CGDIS

Géint 17.30 Auer hat een Auto op der RN17 tëscht Furen an Tandel een Accident. Hei ass eng Persoun liicht blesséiert ginn. Op der Plaz waren de Samu an d'Rettungsdéngschter vun Dikrech an Tandel.

Um 19.19 Auer krute sech een Auto an e Bus zu Esch an der Rue de la Paix ze paken. D'Rettungsdéngschter vun Esch a Péiteng waren op der Plaz an hunn eng liicht blesséiert Persoun misse versuergen.

Zu Siren an der Rue de la Source ass géint 20.20 Auer ee weideren Automobilist accidentéiert. Hei ass awer keng Persoun zu Schued komm. D'Rettungsdéngschter aus der Stad a vu Weiler zum Tuerm waren op der Plaz.

Kuerz virun 21 Auer stoung zu Esch am Rond-point Terres Rouges en Auto a Brand. D'Rettungsdéngschter vun Esch hu geläscht an et ass kee blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO