
Um kuerz no 19.30 Auer krute sech op der Escher Autobunn tëscht Leideleng a Steebrécken 3 Autoen ze paken an op der Tréierer Autobunn gouf et 22.15 Auer tëscht dem Kierchbierg an dem Centser Tunnel en Accident mat 4 Gefierer. Allkéiers ass eng Persoun blesséiert ginn.