
Accident en Dënschdeg den Owend géint 23 Auer op der Collectrice du Sud tëscht Käl an Diddeleng. Zwee Autoen haten sech ze pake krut. Eent vun de Gefierer huet sech iwwerschloen. De Cgdis mellt de Moien, dass zwou Persoune liicht blesséiert goufen.
Zwee liicht Blesséierter gouf et och an engem Accident géint 21 Auer tëscht Guedber an Allënster. Hei war een Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt.
Kuerz no 19 Auer waren an der Neier Avenue op der Stater Gare zwee Ween anenee gerannt. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.