
Zu Eech an der Millebaacher Strooss hate sech géint 18.20 Auer 2 Ween ze pake kritt. Hei gouf eng Persoun blesséiert.
2 Blesséierter gouf et um 20.42 Auer op der Collectrice tëscht Käl a Schëffleng a Richtung Péiteng, wéi och do zwee Autoen sech ze pake kruten.
En drëtten Accident dann op der Areler A6. Kuerz virun 4 Auer huet sech en Auto an der Sortie Capellen a Richtung Belsch iwwerschlo. Wéi den 112 e Samschdeg de Moie mellt, gouf eng Persoun beim Accident blesséiert.