Rettungshelikopter op der Plaz3 Accidenter mat Motocyclisten um Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 11.30 Auer sinn op der Streck tëscht dem Antoniushaff a Lenzweiler zwee Motocyclisten net laanschtenee komm.
© RTL Archivbild

Béid Chauffere goufe blesséiert. Een dovu gouf mam Helikopter an d'Spidol bruecht.

Kuerz no 14 Auer koum et zu engem weideren Accident mat engem Motocyclist. Déi Kéier zu Beesslek um CR337. Och hei gouf de Rettungshelikopter geruff.

Géint 14.30 Auer ass op der Streck tëscht Héischdref a Beefort nach e Chauffer mat sengem Motorrad gefall. Allebéid goufen dobäi verwonnt. Zu Donkels ass géint 15 Auer en Auto an e Bam gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

An op der Streck tëscht Ierpeldeng an Dikrech krute sech zwee Autoen ze paken. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO