Alkohol um Steier3 Automobilisten haten ze déif an d'Glas gekuckt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend kruten 2 Chaufferen e Fuerverbuet, well se den erlaabten Héchstwäert däitlech iwwerschratt haten.
© pixabay

Géint 19.30 Auer ass de Beamte vun der Police e Gefier an der Stad (Val de Hamm) opgefall, dat mat erhéichter Vitess a Richtung Zentrum gefuer ass. Eng Kollisioun mat engem Bus konnt esou just nach verhënnert ginn, wéi de Mann op d'Spuer vum Géigeverkéier geroden ass.

Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Fuerer Alkohol gedronk hat. En Alkoholtest huet erginn, dass den erlaabten Héchstwäert iwwerschratt gouf. Donieft koum eraus, dass de Chauffer weder e Fürerschäin hat, nach d'Gefier verséchert war.

Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert an de Mann krut e provisorescht Fuerverbuet.

Weider Police-Asätz wéinst Alkohol um Steier

En Dënschdeg den Owend ëm 22.30 Auer gouf e Gefier gestoppt, dat an der Rue Principale zu Wilwerdang am Zickzack ënnerwee war. Och hei hat den Automobilist ze déif an d'Glas gekuckt. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall - den erlaabten Héchstwäert gouf däitlech iwwerschratt. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet erstallt.

Am Garer Véierel huet en Auto no Mëtternuecht wéinst Mängel missen ugehale ginn, och hei war de Chauffer alkoholiséiert.

Back to Top
CIM LOGO