De CGDIS mellt3 blesséiert Motocyclisten um Méindeg de Moien

Tom Nols
Déi nei Woch huet mat 4 Accidenter ugefaangen, an déi dräimol e Moto verwéckelt war. 4 Persoune si blesséiert ginn.
4 Asätz fir d'Ekippe vum CGDIS um Méindeg de Moien.
© Laurent Weber / RTL

Op der A3 a Richtung Lëtzebuerg war et kuerz no 6:00 Auer engem Accident komm, wéi tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz en Auto an e Moto sech ze pake kritt haten. D'Pompjeeë vu Beetebuerg an aus dem Réiserbann an d'Stater Ambulanz waren op d'Plaz, eng Persoun ass blesséiert an d'Klinik komm.

Kuerz viru 7:00 Auer koum et tëscht Kanech an Éiter zu engem Accident, an deem een Auto verwéckelt war. De blesséierte Chauffer gouf vun der Ambulanz vu Réimech an d'Spidol gefouert, d'Pompjeeë vu Kanech waren am Asaz.

Zu Éilereng op der Escher Strooss war et um 8:50 Auer e weideren Accident tëscht engem Auto an engem Moto. Nieft de Pompjeeën an der Ambulanz vum SaDiff war och den Escher Samu op d'Plaz. Eng Persoun ass blesséiert ginn.

No 10:20 Auer gouf dann nach aus der Route de Thionville vun Hesper en Accident tëscht engem Gefier an engem Moto gemellt, bei deem och ee Blesséierten ze verzeechne war. D'Hesper Pompjeeën an d'Stater Pompjeeën hu sech drëms gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO