CGDIS3 Blesséierter am Stroosseverkéier um Sonndeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Een Auto huet sech um 11.29 Auer tëscht Heischent a Kiemen iwwerschloen. Eng Persoun gouf derbäi verwonnt.

Zu Diddeleng war et um 15.23 Auer an der Rue Sydney Thomas eng Kollisioun tëscht engem Bus an engem Auto. Derbäi gouf et ee Blesséierten.

Um Kierchbierg krute sech um 16.06 Auer 4 Autoen ze paken. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO