
Kuerz no 13 Auer ass et an der Ettelbrécker Strooss zu Angelduerf zu engem Accident komm bei deem eng Persoun verwonnt ginn ass.
Géint 16.40 Auer dann huet et op der A6 Richtung Arel gerabbelt, dat tëscht dem Briddel a Capellen. Zwee Gefierer waren involvéiert, esou de CGDIS. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.