
En Donneschdeg de Moie géint 8.15 Auer ass zu Gaasperech um Boulevard Raiffeisen eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Op der Plaz waren eng Ambulanz aus der Stad an och d'Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper.
Kuerz drop, géint 8.20 Auer, krute sech zu Tandel an der Veianer Strooss zwee Ween ze paken, och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz vun Dikrech an d'Pompjeeë vun Tandel waren am Asaz.
Zwee Autoe sinn um 9.15 Auer och op der A3 net laanschteneekomm. Dat war op der Héicht vun der Aire de Berchem an Direktioun Stad. D'Ambulanz vu Beetebuerg huet sech ëm déi Persoun gekëmmert, déi dobäi blesséiert gouf. Ausserdeem waren d'Pompjeeë vu Beetebuerg a Réiser do.