
D'Ambulanz vu Mamer an den Asazzenter vu Kielen waren op der Plaz.
Kuerz viru 7.30 Auer huet et tëscht Dol an Nacher geknuppt. Och hei waren 2 Autoen anenee gerannt an eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Wolz an den Asazzenter vu Géisdref waren op der Plaz.
Géint 7.45 Auer gouf et op der N7 tëscht dem Fridhaff an der Lëppschter-Delt en Accident, bei deem eng Camionnette sech op d'Säit geluecht huet. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanze vun Housen an Dikrech waren op d'Plaz geruff ginn, grad wéi d'Asazzentere vu Buerschent, Dikrech an Ettelbréck.