CGDIS3 Blesséierter bei 3 Accidenter um Mëttwoch am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Um 15:41 Auer krute sech an der Rue de Luxembourg zu Schieren een Auto an e Bus ze paken.
© Jeannot Ries

Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.

Och e Blesséierte gouf et um 15:42 Auer zu Veianen an der Impasse Kalchesbach bei der Chute vun engem Motocyclist.

Um 15:46 Auer ass tëscht Néngsen a Lëlz e Vëlosfuerer gefall. Déi Persoun huet sech derbäi verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO