Alkoholkontrollen3 Chauffere sinn hire Führerschäi lass

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg haten nees e puer Automobilisten ze déif an d'Glas gekuckt.
© AFP (Archiv)

An der Rue Adolphe Fischer an der Stad ass der Police e Samschdeg kuerz no 4 Auer een Automobilist opgefall, deen ouni Luuchten an am Zickzack ënnerwee war. De Won gouf gestoppt, den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an domadder war de Permis fort.

Op der N31 vun Nidderkäerjeng a Richtung Péiteng hat géint 2 Auer ee weideren Automobilist ze vill gedronk. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäi fort.

An dann hat nach e Chauffeur Problemer, fir tëscht Uewerkuer a Bieles säin Auto op enger klenger Parkplaz ze dréinen. Bei der Iwwerpréiwung hunn d’Beamten Alkohol gericht. D’Persoun hannert dem Steierrad huet misse blosen. Den Test war positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO