
Aktuell sinn 63 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 12 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 920.149 Impf-Dosisse genotzt. 6.055 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.