Coronavirus zu Lëtzebuerg3 Doudesaffer méi, vun 13.515 Tester waren der 849 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm 3 Persounen op 160 geklommen ass.

Vun 13.515 Tester, déi duerchgefouert goufen, waren der 849 positiv. Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,2. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Aktuell sinn 168 Patienten hospitaliséiert, dovunner 27 op der Intensivstatioun.

Sollte bis Mëtt dëser Woch d'Infektiounszuelen net erofgoen an d'Spideeler weider esou staark mam Traitement vu Covid-Patiente belaascht sinn, wiere weider Restriktiounen net auszeschléissen, esou de Premier Xavier Bettel lescht Woch. En neie Confinement wëll d'Regierung awer weiderhi mat alle Mëttelen evitéieren.

Genee wéi d'Regierung appelléieren och d'Generalisten hei am Land un d'Eegeverantwortung vun de Leit. An engem Communiqué vum Cercle vun de Generalisten, gëtt betount, wéi wichteg et elo ass fir sech un d'Gestes barrières ze halen an déi aktuell sanitär Mesuren ze respektéieren.

Wann ee sech krank fillt, sollt een dann och net zécken, säin Hausdokter unzeruffen. D'Generaliste wieren do, fir d'Leit ze guidéieren, esou de CMG. Ausserdeem sollte Leit, mat méi wéi 65 Joer, oder déi eng chronesch Krankheet hunn, sech géint d'Gripp an d'Longenentzündung impfe loossen, soulaang nach Impfstoff ze kréie wier. Doduerch kéint verhënnert ginn, dass d'Spideeler iwwerlaascht géife ginn.

Back to Top
CIM LOGO