Et ass no 2017 an 2019 fir d’drëtte Kéier, datt d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren op dës Aktioun invitéieren. Et geet drëms, de Kontakt mat de Konsumenten ze sichen a si erëm besser iwwert déi reell Produktioun vun de Liewensmëttel opzeklären. Dat an Zäiten, wou d’Landwirtschaft eng Kris no där anerer erlieft an d’Bauere sech vill Suerge maachen.
De Krich huet e groussen Impakt op d’Präisentwécklung vun de landwirtschaftleche Produiten, seet de Luc Emering, de President vun der Landjugend a Jongbaueren.
“Dat heescht op där enger Säit, dat wat mer produzéieren, awer och dat wat de Betrib muss hunn, fir kënnen ze produzéieren. Dünger, Masutt etc. Do sinn d’Präisser extrem an d’Luucht gaangen. Do ass et grad elo de Moment fir dem Konsument eng Kéier ganz kloer ze weisen, dass et grad a Krisenzäite wichteg ass, déi regional Landwirtschaft ze stäerken.”
D’Bauere maache sech den Ament grouss Suergen ëm d’Zukunft, well d’Zäit vun enger Kris bis zur nächster ëmmer méi kuerz géif ginn.
“Déi Generatioun virdru sot engem, datt no deene schlechten Zäiten och ëmmer erëm gutt Zäite komm sinn. Mir erliewen awer, datt déi gutt Zäiten ëmmer méi kuerz an déi schlecht ëmmer méi laang ginn. Fir eis ass et ganz kloer wichteg, dass mer gutt an nohalteg kënne produzéieren. Do kënnt och ganz kloer de Konsument mat an d’Spill.”
Hie kéint de Bauer genee esou vill ënnerstëtzen, wéi d’EU, nämlech andeems ee regional Produite keeft. Vun offizieller Säit kréien d’Baueren elo gehollef. De Ressortminister Claude Haagen nennt Beispiller:
“Den Artikel 219, dee gezu ginn ass, dat sinn Hëllefe vu ronn 1,3 Milliounen Euro, wou mer am Gaang sinn, de Marché elo z’analyséieren an déi geziilt anzesetzen, do wou Problemer sinn. Haaptsächlech och a Funktioun vun den Energiepräisser. Mir hunn awer och Problemer mat der Explosioun vun de Präisser vum Fudder. Och do gëtt geziilt ënnerstëtzt. An natierlech ass am Artikel 219 och virgesinn fir Hëllefe bei den Emprunten ze ginn, beim Moratoire vun den Zënsen an der Durée.”
De Claude Haagen vergläicht dës Hëllefen mat deenen Hëllefen, déi et och iwwert d’Covid19-Gesetz goufen.
Wéi d’Liewensmëttelpräisser sech entwéckelen, dat misst een am A behalen, de Minister ass awer der Meenung, datt ee vun der Mentalitéit “Geiz ist geil” misst ewechkommen. Déi Mentalitéit géif näischt zu der Qualitéit bäidroen.
Fir hien ass kloer, datt een hei am Land kéint houfreg op d’Landwirtschaft sinn. Si wier och e staarke Facteur vun der Ekonomie.