Iwwert déi lescht dräi Joer hu sech zu Lëtzebuerg wäit iwwer 300.000 Mënsche mam Coronavirus infizéiert. De Statistike vum Gesondheetsministère no si bis Enn Mäerz 2023 och méi wéi 1.230 Persoune am Zesummenhang mat enger Infektioun gestuerwen.
Mëttlerweil ginn d’Noriichte ronderëm d’Pandemie a Covid19-Erkrankungen ëmmer méi rar. D’Spideeler si scho laang net méi wéinst Covid-Patienten iwwerlaascht, an och am Alldag vun de Virologen huet de Corona-Virus u Bedeitung verluer.
Den Dokter Claude Muller erkläert, dass déi Leit, déi op d’mannst 3 mol geimpft sinn a vläicht zousätzlech schonn emol positiv getest goufen, sech haut kaum nach Gedanke musse maachen ëm eng Infektioun mat schlëmme Konsequenzen. All weider Infektioun géif den Immunsystem vu geimpfte Persoune boosten.
Persounen, déi nach guer net geimpft goufen, missten domat rechne sech fréier oder spéider mam Coronavirus z’infizéieren. E schwéiere Verlaf vu Covid-19 wier bei dëse Leit och net auszeschléissen.
D’Gesondheetsministesch huet an enger rezenter Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV dann nach Prezisiounen zum Stock vun de Vaccinen am Grand-Duché ginn. Et wier ee preparéiert fir op nei Infektiounswelle ze reagéieren, also d’ganz Populatioun nees impfen ze kënnen.