2018 um Weltfraendag a Spuenien. En Dag, deen an d’Geschicht agaangen ass. 6 Millioune Fraen a Männer hunn op der Strooss géint d’Benodeelegung op der Aarbechtsplaz a fir d’Fraerechter demonstréiert. Déi meeschte Frae sinn den Dag net schaffe gaangen. An a ganz Spuenien ass dunn um 8. Mäerz net vill gelaf. Och um Radio an op der Tëlee net. Frae gehéieren zu eiser Aarbechtswelt einfach dozou. Mä wéi ass dat a sougenannte Männerberuffer? Fir en Tëlee-Reportage huet d’Isabelle Henschen vum Magazin dräi Frae getraff, déi a Beräicher schaffen, wou méi Männer si wéi Fraen.
Dofir ware mer an der Karosserie vun enger Autosgarage, am oppene Strofvollzuch zu Giwenech an och bei der Arméi. Um Härebierg hu mer d’Lieutenant -Colonel Tania Weinzaepfel getraff. Si huet zu Saint-Cyr studéiert an als éischte Fra hei am Land als Offizéier ugefaangen. 2002 ass si vereedegt ginn. An éier et lass goung, war dunn awer e gewëssen Drock do, an si huet sech d’Fro gestallt: Passen ech do an déi Männerwelt?
“‘Sinn ech dofir gemaach?’ Well op der Schoul kritt ee jo vill ze gesinn, do léiert ee vill, mä duerno ass déi Realitéit, déi duerno do ass. Wéi ass et mat den Zaldoten? Wéi ass et mat den Ënneroffizéier? Wéi ass et mat de Kolleegen? U sech hunn ech mer fir näischt Angscht gemaach, well ech hat ni dat Gefill, dass ech hei net dozou géif gehéieren, just well ech eng Fra war.”
Am Militär sinn 70 Fraen. Dat sinn 8 Prozent vun den insgesamt 869 Memberen. Si seet, dass et éischter Qualitéiten oder Charaktereegenschafte sinn, déi bei der Arméi am Vierdergrond stinn. “De Courage, Teambuilding, Teamgeescht, Engagement, Disponibilitéit. Dat si Saachen, déi wäertvoll sinn an déi zielen, an net, ob een eng Fra oder e Mann ass.”