
Den neie Locataire vum Lokal, de Rob Seelen, huet RTL matgedeelt, datt d’Liquid Bar am Gronn seng Dieren erëm opmécht. Well nach Aarbechte mussen ënnerholl ginn, ass d’Ouverture viraussiichtlech eréischt am Mäerz.
D’Liquid Bar, bekannt fir seng Jazz a Blues Concerten, war zanter September 2019 zou, well de fréiere Locataire, en Australier, op eemol verschwonnen ass. D’Dikrecher Brauerei, d’Brasserie de Luxemboug vun AB-InBev, huet doropshin um Geriicht probéiert Sue vun engem fréieren Associé zeréckzekréien.
Méi ewéi 3 Joer nodeems de Liquid bar also zou war, huet d’Brauerei e Kontrakt mam Rob Seelen ënnerschriwwen, fir de Café am Gronn nees ze beliewen. De Rob Seelen, deen och e Restaurant a Clausen huet, verséchert, de Café “wäert esou bleiwen, ewéi e war, mat Live-Musek a Béier”.
RTL News: Am Stater Gronn: “Liquid Bar” zou – komesch Hannergrënn