
De Liquid Bar am Gronn (fréier de „French“), bekannt fir seng Blues- an Jazz-Concerten, ass zanter dem 29. September zou. Iwwert d’Ursaache vun der Fermeture zirkuléiere Rumeuren, déi deels falsch, deels richteg sinn. Richteg ass, datt de bénéficiare effectif vun der Gesellschaft Goofer Sàrl, déi de Café bedriwwen huet, en Australier, vun der Uewerfläch verschwonnen ass.
Déi lescht Mataarbechterin vum Café sot eis, hire Chef wier zwar ëmmer éierlech gewiescht, mee hätt si kuerz virun der Fermeture ouni hir Ënnerschrëft a formell Bescheed ze soen als neie Gerant ugemellt. Kuerz virun der Fermeture hätt hien och gesot, hie géing gär an d’Pensioun an op eng Insel goen.
De Rumeuren no wier de Patron mat der Keess vum Liquid Bar fortgelaf. Laut Aussoe vu Leit, déi de Mann kannt hunn, ass dat awer ganz onwarscheinlech, well de Mann als fréiere Banquier net op déi Suen ugewise wier an am Géigendeel ëmmer rëm seng eege Suen an de Café investéiert hätt. Liest een déi lescht Bilane vu Goofer Sàrl am Handelsregëster ass d’Geschäft gutt gelaf, mee d’Resultater waren net ëmmer positiv an d’Sàrl huet eng Schold vu ronn 200.000 Euro.

Streidereien
Déi Schold an e Sträit mat engem fréieren Associé kéinte vill éischter d’Ursaach vun der mysteriéiser Disparitioun vum Patron vum Liquid sinn. E fréieren Associé war 2017 als Gerant zeréckgetrueden, mee wier weiderhin duerch eng “caution solidaire“ un de Betrib gebonne gewiescht. De Patron wier him an de Réck gefall an hätt hien dunn – a sengen Aen ouni Recht - entlooss. Den Affekot vum Patron vum Café, dee verschwonnen ass, dee verweist op Nofro hin eleng op en Termin viru Geriicht de 24. Februar. Den Affekot huet hei de fréieren Associé a Correctionnel zitéiert.
D’Brasserie de Luxembourg (d’Dikrecher Brauerei), déi d’Lokal am Gronn vun M Immobilier vun der Famill Libens weiderverlount, déi huet iwwregens och eng Prozedur géint Goofer Sàrl lancéiert. Dat well Goofer Sàrl de Bail net méi verlängert huet an de Bail elo ofgelaf ass, mee Goofer Sàrl der Brauerei d’Schlëssele vum Lokal net zeréckginn hätt. Vun der leschter Mataarbechterin wëll d’Brauerei de Schlëssel net, well se wéi et schéngt eng Ënnerschrëft vum formelle Locataire brauch.
Leit aus dem Secteur no géing en neie Bedreiwer d’Liquid Bar an den nächste Méint rëm opmaachen, mee vun der Brauerei heescht et, et hätt een nach mat kengem en neie Kontrakt ënnerschriwwen. D’Brasserie de Luxembourg wier awer ganz zefridde gewiescht, wéi et virdru gelaf ass.
