
D'Oplo besteet an der Entschiedegung bannent 5 Joer vun 3 Parties civilen, déi zesumme ronn 75.000 Euro Schuedenersatz zougesprach kruten.
De Mann hat reprochéiert kritt tëscht Juli 2017 a Juni 2018 als sougenannte "Grand médium" e puer Affer am Ganze ronn 115.000 Euro ofgeknäppt ze hunn. Ënner anerem hat hie gesot, hie kéint mat Geeschter a Kontakt trieden, déi de Leit hëllefe kéinten, an hie kéint dofir suergen, dass Verstuerwener oder hir Séil an den Himmel kéimen.