Um Sonndeg3 Kollisiounen op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS um Méindeg de Moie mellt, koumen eng Partie Autoen net laanschteneen an ee Chauffer war an eng Mauer gerannt.
Samu / Domingos Oliveira
Samu / Domingos Oliveira
© Samu / Domingos Oliveira

Um CR176 goufe géint 17 Auer zwou Persoune bei enger Kollisioun mat zwee Gefierer blesséiert. Am Asaz waren de Samu, d’Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng an Esch, grad ewéi d’Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng.

Kuerz virun 19 Auer koumen zwee Autoen an der Route de Niederkorn zu Péiteng net laanschteneen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Péiteng versuergt.

Um CR176 tëscht dem Vesquenhaff an dem Roudenhaff huet et géint 19.10 Auer tëscht zwee Ween geknuppt. Zwou Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an d’Ambulanze vun Esch a Suessem-Déifferdeng.

Um 21.55 Auer ass zu Mäertert an der Rue Beckius en Automobilist mat sengem Won an eng Mauer gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Mäertert waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO