Op eise Stroossen3 liicht Blesséierter um Méindeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Dippech an Holzem war en Auto an de Gruef gaangen an an der Stad waren en Auto an e Bus net laanschtenee komm.

E Méindeg de Moie kuerz virun 9.30 Auer ass um CR103 tëscht Dippech an Holzem en Auto vun der Strooss komm an am Gruef gelant. Dobäi gouf eng Persoun liicht blesséiert.

Op der Plaz waren d'Ambulanz vun de Stater Beruffspompjeeën an den Zenter vun Dippech.

Eng Stonn drop koum et dunn an der Stad zu engem Accient, wéi sech um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte e Bus an en Auto ze pake kruten. Heibäi goufen zwou Persoune liicht blesséiert.

Am Asaz hei och eng Ambulanz vun de Stater Beruffspompjeeën an de Stater Asazzenter.

Back to Top
CIM LOGO