
3 Méint Prisong mat Sursis an eng ugemoosse Geldstrof goufen e Freideg de Moien um Stater Geriicht fir en 39 Joer alen Douanier gefrot: De Mann war wéinst Violatioun vum Beruffsgeheimnis ugeklot.
De Beschëllegten, e gudde Bekannte vun deem Mann, sot e Freideg de Moien e puermol, dass hien deem hätt wëllen Angscht maachen, ouni eppes vun enger Enquête géint de Mann gewosst ze hunn.
Hie wär eréischt am Mäerz/Abrëll gewuer ginn, dass effektiv eng Enquête am Gaang wär, an hätt de Mann mat senger Ausso wëllen dozou beweegen, säi Liewen z'änneren. „De Mann huet awer gesot, hie wär gewarnt ginn! An no enger Perquisitioun, 2014, bei Iech doheem hat Der - ongefrot - gesot, ni géint d'Beruffsgeheimnis verstouss an dem Mann net gesot ze hunn: Pass op, si schaffen op dech!“, huet de President vum Geriicht ze bedenke ginn. Hien hätt dem Mann wëllen Angscht maachen an näischt vun enger Enquête gewosst, huet den Douanier widderholl. Wourop de Riichter geäntwert huet: „De Problem ass: Et war genee sou!“
En Enquêteur vun der Police judiciaire huet betount, dass den Douanier alles ofgestridden, d'Mamm vum Mann awer gesot hätt, den Douanier hätt si gewarnt. Deen hätt och am Januar scho Kenntnis vun der Enquête gehat. Wéi den Iwwerwaachtene säi Liewensstil an e puermol seng Handysnummer geännert hätt, wär de Verdacht opkomm, dass hien informéiert gi wär. D'Mamm an hire Jong hunn doropshin ausgesot, op deem Bal vum Douanier gewarnt ginn ze sinn. De Jong sot, hien hätt den Douanier deemools net eescht geholl an awer mat den Drogen opgehalen. Wouropshin den Douanier bei senger Ausso blouf, näischt vun enger Enquête gewosst ze hunn.
Wat säin Affekot och ervirgehuewen huet. Dem Me Laurent Limpach no hätt de Client net am Sënn gehat, fir eng Enquête ze boykottéieren, well keng Violatioun vum Beruffsgeheimnis virléich, sollt dee fräigesprach ginn. Dogéint war et fir d'Vertriederin vum Parquet kloer, dass den Douanier engem Frënd hëllefe wollt. Dat wär eng gutt, awer falsch Absicht gewiescht. Den Douanier hätt Bescheed gewosst iwwert d'Enquête, soudass d'Violatioun vum Beruffsgeheimnis zréckzebehale wär.
D'Uerteel ass fir de 27. Juni 2019.