Solle falsch Informatioune verbreet hunn3 Membere vu Fokus goufen aus der Partei ausgeschloss

Roy Grotz
Et handelt sech dobäi wuel ëm de fréiere Generalsekretär Gary Kneip, de Georges Keipes an de Jacques Linster.

Internt Rumouers a Gestreits gëtt et bei der jonker Partei Fokus, wou den Nationalcomité um Sonndeg unanime decidéiert huet, 3 Memberen auszeschléissen, well se ënnert anerem falsch Informatioune solle verbreet hunn.

Et handelt sech dobäi ëm de fréiere Generalsekretär Gary Kneip, de Georges Keipes an de Jacques Linster, esou de Parteipresident Marc Ruppert RTL géigeniwwer. Déi dräi Männer waren och am Oktober an 3 Bezierker fir Fokus mat an d’Chamberwale gaangen.

Wéi et vu Fokus an engem Schreiwes heescht, gëtt den Ex-Membere reprochéiert, vertraulech Informatiounen no bausse gedroen a souguer probéiert gehat ze hunn, intern Diskussioune mat engem Handy opzehuelen.

Och wier bewosst gelunn an d’Decisioune vu Partei-Organer a Fro gestallt ginn. Dat wier net nëmmen emol de Fall gewiescht, mee méi heefeg a permanent. Rieds geet vun enger Vertrauens-Relatioun, déi irreparabel beschiedegt gi wier.

Reporter.lu hat viru 14 Deeg gemellt, datt et effektiv an der Partei géif rumoueren an huet deen Artikel mat “Frank Engels neuer Freundeskreis” iwwerschriwwen.

Et goung Rieds vun ontransparente Partei-Finanzen a vun engem fixen, bezuelte Beroder-Vertrag vum Frank Engel an Héicht vun 1.000 Euro de Mount, iwwer deen d’Basis vun der Partei net informéiert gewiescht wier.

Och dem President Marc Ruppert an der Generalsekretärin Anne Winter wier erlaabt ginn, fir Fraise vun 300 an 200 Euro de Mount ofzerechnen.

D’Parteiféierung hat sech zu deem Ament hannert de Frank Engel gestallt, dee vun “eenzele frustréierte Parteimembere” geschwat huet, déi d’Decisioune vun der Parteiféierung a Fro gestallt hätten.

Reporter.lu hat am Artikel dann och Parallelle mat der CSV-Frëndeskrees-Affär gezunn, déi 2021 derzou gefouert hat, datt den Ex-CSV-President Engel seng Partei verlooss hat.

Viru Geriicht gouf de Frank Engel vun alle juristesche Reprochë fräigeschwat.

Hei de Communiqué vun der Partei “Fokus”

In der gestrigen Sitzung des Nationalkomitees von FOKUS wurden drei Mitglieder aus der Partei ausgeschlossen. Dieser Ausschluss erfolgte aufgrund der Tatsache, dass diese Mitglieder wiederholt und auf verschiedene Art und Weise versucht haben, die Zusammenarbeit und die Beschlussfassung der Parteigremien durch die Verbrei-tung von Falschinformationen zu beeinflussen und dabei auch parteiinterne und vertrauliche Informationen be-wusst nach außen getragen haben.
Dabei wurden Mitglieder von Parteigremien bewusst belogen, die Rechtmäßigkeit von Entscheidungen der ge-wählten Parteiorgane in Frage gestellt und sogar versucht, interne Diskussionen in Parteigremien ohne Wissen der Teilnehmer mit einem Mobiltelefon aufzuzeichnen.

Nach wiederholten Verstößen gegen die Satzung und der dauernden Verbreitung von Unwahrheiten hat sich das Nationalkomitee aufgrund des irreparabel beschädigten Vertrauensverhältnisses ohne Gegenstimmen für den Ausschluss der betroffenen Mitglieder ausgesprochen.

Esch-sur-Alzette, den 29. Januar 2024

Back to Top
CIM LOGO