CGDIS3 mol hat et um Sonndeg den Owend gebrannt, keng Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Fluessweiler a Buchholz hat et e Sonndeg den Owend géint 23.30 Auer an engem Bësch gebrannt. D'Pompjeeë vu Fluessweiler a Biwer waren am Asaz.

Weider mellt den 112, dass et kuerz no 20 Auer an engem Restaurant zu Hamm an der Rue de Bitburg gebrannt hat. D'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz. Et ass kengem eppes geschitt.

A géint 19.40 Auer stoung zu Rëmeleng an der Zone Artisanale Langegronn Gestrëpp a Flamen. D'Pompjeeë vu Rëmeleng waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO