Alkoholkontrollen3 Permise bei 477 kontrolléierte Chaufferen agezunn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun Donneschdeg op e Freideg huet d'Police op Uerder vum Parquet Alkoholkontrollen zu Ettelbréck, Tandel an Dikrech duerchgefouert.
© Police Archivbild

Heibäi goufen tëscht 21.00 an 1.30 Auer am Ganze 477 Automobiliste kontrolléiert. Dovunner kruten der 3 hire Permis nach op der Plaz ofgeholl, 8 goufe verwarnt an 1 Chauffer krut e Protokoll.

Weidere Permis wéinst Alkohol agezunn

An der Grand-Rue an der Stad war der Police géint 00.35 Auer en Automobilist opgefall, deen an déi falsch Richtung duerch d’Foussgängerzon ënnerwee war. Well de Chauffer staark alkoholiséiert war, krut hien de Fürerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO