
Um CR315 tëscht dem Hareler Potto a Béiwen war kuerz viru 14 Auer en Auto accidentéiert, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Ambulanciere vu Wolz an d’Pompjeeë vun der Stauséigemeng waren op der Plaz.
D’Pompjeeë vun Esch waren iwwerdeem ëm déi selwecht Zäit op d’A13 op der Héicht tëscht der Jonctioun Lankelz an Éilereng geruff ginn, nodeems en Auto hei Feier gefaangen hat.
Géint 15.13 Auer hate sech zu Märel an der Lonkecher Strooss zwee Ween ze pake kritt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun den Ambulanciere vu Mamer an de Pompjeeën aus der Stad versuergt.
D’Rettungsdéngschter vun der Nordstad goufe kuerz viru 15.30 Auer op d’RN07 tëscht Ettelbréck a Schieren geruff, nodeems hei en weideren Auto accidentéiert ass. Och hei gouf et ee Blesséierten.