Aarbechtsaccident zu Mamer3 Persoune sinn eng Stee erofgefall

David Winter
Beim Accident gouf eng Persoun schwéier, eng weider Persoun méi liicht blesséiert.
© RTL Archiv

Geschitt ass d'Accident e Méindeg de Mueren um 11 Auer, dat an der Areler Strooss zu Mamer. Dräi Aarbechter waren hei op enger Stee am gaangen eng Fënster vun engem Gebai, an Héicht vu 6,5 Meter ze ersetzen.

D'Fënster déi sollt ersat ginn, hat e Gewiicht vun e puer honnert Kilo an huet misste mat Hëllef vun engem Kran montéiert ginn. Aus bis elo onbekannte Grënn ass d'Stee op eemol no hannen ëmgekippt an déi 3 Aarbechter sinn op de Buedem gefall.

Eng Persoun gouf hei schwéier blesséiert a koum an d'Spidol, eng 2. Persoun gouf liicht blesséiert. Déi 3 Persoun déi op der Stee stoung koum ouni Blessuren dovunner. D'ITM gouf informéiert a war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO