
Zu Monnerech gouf den 113 géint 6 Auer wéinst engem Sträit virun engem Café geruff. Op der Plaz konnten d’Beamten d’Parteie séier trennen. Eng Persoun, déi staark alkoholiséiert war, huet awer weiderhi rebelléiert an aner Persoune provozéiert. Well dës sech net berouegt huet an esou eng Gefor fir sech an d’Ëffentlechkeet war, koum d’Persoun mat op der Policebüro.
Eng hallef Stonn virdru war am Süde vum Land eng alkoholiséiert Persoun opgefall, well dës geféierlech iwwer eng Aire getierkelt ass. Och si koum an de Passagearrest.
Zu Munneref huet iwwerdeem eng weider Persoun missten d’Nuecht um Büro verbréngen.
Géint 22.30 Auer gouf der Police e Geeschterfuerer op der A6 gemellt. Wéi d’Beamten den Automobilist stoppe konnten, war den Alkoholtest bei der Kontroll positiv. De Chauffer gouf protokolléiert.
Zu Esch op der Héicht vum Policebüro war engem Beamten en Auto ouni Luuchten entgéint komm. Och hei hat de Chauffer ze déif an d’Glas gekuckt. Allerdéngs esou vill, datt de Permis agezu gouf.