
Zu Diddeleng ass géint 17.10 Auer an der Route de Luxembourg en Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.
Méi uerg war dann en Accident zu Dikrech, dat géint 17.20 Auer an der Route d’Ettelbrück. Hei goufen direkt 3 Persoune vun engem Auto mat ewech geholl a blesséiert.
Kuerz no 17.30 Auer huet dann de Samu mussen an den Asaz zu Alzeng an der Route de Thionville, wéi och hei eng Persoun ugestouss gouf.
Kéint 18.45 Auer dann huet et zu Ënsber gerabbelt, wéi en Auto an e Luuchtepotto gerannt ass. Och hei huet de Samu mussen op d’Plaz geruff ginn.
En Accident mat engem Blesséierte gouf et géint 21.30 Auer zu Esch an der Rue de Rumelange, wéi 2 Autoen net laanschtenee komm sinn.