Coronavirus zu Lëtzebuerg3 weider Doudesaffer, 299 Positiver bei 4.278 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 3 op elo 862 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 48 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 9 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 866.869 Impf-Dosisse genotzt. 2.858 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn. 423.279 Leit gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,14. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. D'Santé zielt aktuell 3.406 aktiv Infektiounen.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO