
Aktuell si 75 Persounen hospitaliséiert, dovunner 15 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.774 aktiv Infektiounen an 50.386 Persoune gëllen als geheelt.
1.249 Persoune kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 566 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 28.933 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.