D'Police deelt mat30 Asätz wéinst Streidereien oder Kläppereie bannent enger Nuecht

RTL Lëtzebuerg
Weiderhi krut d'Police an der Nuecht op e Sonndeg knapps 50 Fäll gemellt, an deenen d'Nuetsrou net respektéiert gouf.

Iwwerdeems waren d’Beamte vun der Police schonn e Samschdeg am Nomëtteg an engem Akafszenter zu Bartreng am Asaz. Hei haten e Mann an eng Fra als éischt Cliente belästegt an duerno d’Poliziste beleidegt an attackéiert. Wärend d’Fra eng Polizistin um Hals gepaakt huet, huet hire Begleeder engem männleche Beamte mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen.

Mat Hëllef vu weidere Beamten, déi op d’Plaz geruff goufen, ass et schliisslech gelongen, d’Koppel mat op de Policebüro ze huelen. Et gouf eng Plainte géint si deposéiert.

Géint 20 Auer gouf der Police dann e Mann gemellt, dee sech an engem Café an der Hollerecher Strooss donieft behuelen, an déi aner Gäscht agresséiere géif. Well dëse sech net berouege wollt, gouf hien an den Arrest placéiert.

Och am Stroosseverkéier hat d’Police genuch ze dinn.

Géint 1.50 Auer e Sonndeg de Moie war de Beamten e Gefier opgefall, dat an der Géigend vun der Sortie fir op de Findel beim Rond-Point Iergäertche stoung. De Chauffer souz hannert dem Steier ze schlofen. Nodeems d’Polizisten de Mann erwächt hunn, hu si en Alkoholtest bei him gemaach. Well dëse positiv war, gouf de Führerschäin agezunn.

Um 6.30 Auer krut d’Police dann e Gefier gemellt, dat op der A7 a Richtung Norden mat niddereger Vitess am Zickzack ënnerwee war. Och hei huet sech erausgestallt, dass de Fuerer ze vill gedronk hat an de Führerschäi gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO