
Den Ugekloten hat no der Schéisserei zu Réimech méintelaang op der Lëscht vun de meeschtgesichte Verbriecher vun Europa gestanen, éier hien zu Bréissel festgeholl konnt ginn.
Am Prozess ëm d’Schéisserei gouf de Mann en Donneschdeg zwar an éischter Instanz vun alle Verbrieche fräigesprach, gouf awer zu enger Prisongsstrof vun zwee an engem hallwe Joer an enger Geldstrof vun 2.000 Euro wéinst Waffebesëtz a Kierperverletzung verurteelt. De Parquet hat eigentlech eng Prisongsstrof vun 12 Joer gefuerdert an him versichten Doudschlag reprochéiert.
Dem Urteel vum Geriicht no hätt den Albaner net an Noutwier gehandelt an eng Provokatioun géing d’Dot och net entschëllegen.
De Beschëllegten an de Parquet kënnen elo bannent 40 Deeg an Appell goen. Ausserdeem kéint de Verurteelten eng Demande op eng fréizäiteg Entloossung ufroen, well hie schonn iwwer engem Joer am Prisong sëtzt.
D’Faite ginn op den November 2020 zréck, wou de Beschëllegten no engem Sträit an enger Bar en anere Mann zu Réimech ugeschoss hat. Dono war hien an Albanien ënnergetaucht.
RTL-News: Fréiere “Most wanted” viru Geriicht: E Prozess mat widderspréchlechen Aussoen