Fréiere "Most wanted" viru GeriichtE Prozess mat widderspréchlechen Aussoen

Diana Hoffmann
12 Joer Prisong, dat ass d'Fuerderung vum Parquet am Prozess géint de fréiere Most Wanted virum Stater Geriicht.
© RTL Archiv

Most Wanted 4. Prozessdag - Reportage Diana Hoffmann

Am November 2020 hat den Ugekloten op der Grenzbréck zu Réimech e Mann an d’Bee geschoss. Et wier nach ëmmer kee Liicht an déi ganz Affär komm, huet d’Vertriederin vum Parquet an hirem Requisitoire e Mëttwoch ugemierkt. Si huet d’Faiten opgelëscht, déi bekannt sinn. Dass den Ugeklote mat dräi Frëndinnen an engem Bistro zu Réimech war, wou et zum Sträit mat zwee anere Männer komm ass. Méi spéit, wéi d’Situatioun sech eigentlech berouegt hat, huet eng Persoun vu Baussen un d’Fënster vun der Bar getockt an den Ugekloten ass eraus gaangen. Dëst ass domat op en Enn gaangen, dass hien dräi mol op e Mann geschoss huet, deen dobäi um Bee blesséiert ginn ass. Wat awer genee dobausse passéiert ass, do ginn d’Interpretatiounen auserneen. Den Ugeklote behaapt, mat engem Messer agresséiert ginn ze sinn an, dass hien um Uewerschenkel blesséiert gouf. Bei enger Cicatrice u sengem Been ass awer net nozeweisen, dass se vun deem Dag staamt. D’Vertriederin vum Parquet huet drop higewisen, dass néierens Blutt vum Ugeklote fonnt gouf a kee vun den Zeien, bis seng Bekannten, eng Wonn bemierkt hätt. Doriwwer eraus hätten esouwuel den Ugekloten, wéi och d’Zeien déi eng oder aner kéier hir Aussoen zu de Faite geännert. De Mann aus Albanien huet fir dës Ännerungen deels den Traducteuren d’Schold ginn

D’Procureure justifizéiert d’Strof-Fuerderung vun 12 Joer Prisong domadder, dass den Ugekloten onverhältnesméisseg reagéiert huet, an net kéint soen, hien hätt d’Affer net wëllen ëmbréngen. Doriwwer eraus wier säi Casier chargéiert. Schonn e puer mol wier hie wéinst Gewalt a Relatioun mat Droge condamnéiert ginn an an Italien schonn zu 4,5 Joer Prisong verurteelt gewiescht.

Och den Ugeklote selwer hat e Mëttwoch um véierte Prozessdag nach eng Kéier d’Wuert kritt. Hien huet nees eng Kéier alles zouginn, mee sech weiderhin als Affer duergestallt. Déi Persoun, déi hie mam Messer blesséiert hätt, misst sech nämlech net viru Geriicht veräntwerten. D’Police hätt hir Aarbecht net richteg gemaach, esou ee vu senge Reprochen.

Am Ufank vun der Sëtzung goufen dann nach Videoe vun Iwwerwaachungskamerae virum an am Bistro gewisen. Wéinst dëse war de Prozess Enn d’lescht Joer no dräi Sëtzungen ausgesat ginn. Den Affekot vum Ugekloten hat nämlech net all d’Videomaterial kritt. D’Biller waren awer éischter wéineg opschlossräich, well d’Zeen net am Fokus war, sou dass een ëmmer nach net e ganzen Iwwerbléck iwwer den Deroulement vun de Faite kritt huet. Dem Affekot vum Ugekloten ass et ënner anerem dorëm gaangen, mat den Opnamen ze beweisen, dass säi Mandant keng Waff an der Hand hat, wou en aus der Bar erausgaangen ass.

De Prozess ass nach op zwee weider Deeg ugesat. En Donneschdeg ass ënner anerem d’Plaidoirie vum Affekot vum Ugekloten.

Back to Top
CIM LOGO