Sozialhëllefgesetz30 Offices sociaux goufe bis ewell geschafen, Beneficiarë sinn zefridden

RTL Lëtzebuerg
Kleng Kritik ass just d'Kommunikatioun tëscht den eenzelen Büroen, déi eventuell nach méi kéint verbessert ginn.

Mam Sozialhëllefgesetz vun 2009 goufen 30 Offices sociaux am Land geschafen.

Dës funktionéiere gutt, 93% vun de Beneficiairë wieren zefridden, esou seet et eng Etüd vun der Uni Lëtzebuerg, déi e Mëttwoch de Moien an der parlamentarescher Familljekommissioun presentéiert gouf.

Sozialhëllefgesetz - Reportage Pit Everling

D'Ressortministesch Corinne Cahen gesäit dann och net de Besoin fir ze legiferéieren. Allerdéngs sollt gekuckt gi wéi d'Suggestiounen aus där Etüd kéinten ëmgesat ginn. Do gëtt virop d'Kommunikatioun tëscht de verschidde Büroe genannt, déi nach kéint verbessert ginn.

Back to Top
CIM LOGO