Helpermaart31. Editioun vum Konscht- an Handwierksmaart zu Bëschdref

RTL Lëtzebuerg
An der klenger Uertschaft Bëschdref, déi zu der nach relativ jonker Fusiounsgemeng Helperknapp gehéiert, war um Sonndeg eng méi lass.
Helpermaart
31. Editioun vum Konscht- an Handwierksmaart zu Bëschdref.

Et ass ee Fest, dat seng Origine an der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet.

An der klenger Uertschaft Bëschdref, déi zu der nach relativ jonker Fusiounsgemeng Helperknapp gehéiert, war um Sonndeg déi 31. Editioun.

Fréier war hei ee Baueren- a Véimaart a vun 1989 un huet een dës Traditioun nees opliewe gelooss an organiséiert elo all Joer op Païschtsonndeg ee Konscht- an Handwierksmaart mat virun allem regionale Produkter op enge 75 Verkafsstänn.

Dobäi sinn och Museks- a Folklorgruppen opgetrueden an et sinn Aktivitéiten fir Kanner och mat Déieren ugebuede ginn.

Back to Top
CIM LOGO