Parlamentaresch Fro315 offiziell Reklamatioune géint Taxie bei Ministère agereecht

Roy Grotz
Kevin Kayser
Taxi-Fueren ass schéin a gutt, ma leider verleeft déi net ëmmer esou, wéi ee sech et erwaart.

315 offiziell Reklamatioune goufen zejoert beim zoustännege Service vum Mobilitéits-Ministère eragereecht.

D'Doleance goufen et wéinst dem Behuele vun den Taxi-Chauffere respektiv wëll de Client gemengt huet, datt net de kierzte Wee geholl gouf, fir op säin Zil ze kommen. Dat präziséieren d'zoustänneg Ministere Gramegna a Bausch op eng entspriechend Fro vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm.

Fir awer méi exakt Chiffere vu Plainten erauszefiltere wier net méiglech. De Grond: den Datesystem vun der Police géif dëst net erlaben.

Et ginn awer och bei fondéierte Plainte Sanktioune vun der Commission des Taxis geschwat: Dat waren der zejoert 11 géint Chaufferen a 17 géint d'Besëtzer vun Taxis-Firmen. 4 Entreprise krute souguer hir Lizenz definitiv ewechgeholl. Dat war och de Fall bei 2 Chaufferen, déi hir Chauffeurskaart agezu kruten.

Zanter der Reform vum Taxisecteur 2016 goufen och Protokoller geschriwwen, dëst waren der am Ganzen 450 fir eng Zomme vu ronn 87.000 Euro.

Back to Top
CIM LOGO