RTL seet Merci346.300 Lëtzebuerger Residentë liesen, lauschteren a kucken eis all Dag!

Kevin Kayser
Déi neisten Zuelen iwwer d'Audienze vun den audiovisuellen an digitale Medien zu Lëtzebuerg sinn disponibel. Se goufe vun der Ilres an der TRAIL-Etüd festgehalen.
346.300 vun Iech liesen, lauschteren a kucken eis all Dag.
Déi neisten Zuele fir d'Audienz vun den audiovisuellen an digitale Medien, déi vun Ilres an der TRAIL-Etüd festgehale goufen, sinn disponibel.

D'Publikatioun 2026-II vun där TRAIL-Etüd konzentréiert sech op d'Period vu September 2025 bis Juli 2026. Hei e puer vun de wichtegsten Zuele fir d'RTL-Medien erausgegraff.

Radio

RTL Radio Lëtzebuerg dominéiert d'Radioslandschaft an erreecht bei den Awunner vu 16 Joer un op d'Woch gekuckt méi wéi 50 Prozent vun de Leit.

De Sender "RTL RADIO Feel Good Music", fréier als "RTL RADIO 93,3 & 97,0 Deutschlands Hit-Radio" bekannt, erreecht all Woch ronn 94.600 Leit am Grand-Duché.

Déi engleschsproocheg Statioun RTL TODAY Radio kënnt op ronn 47.800 Nolauschterer d'Woch.

© RTL Grafik

Tëlee

Op den Dag gekuckt erreecht RTL Télé Lëtzebuerg 20 Prozent an op d'Woch gekuckt esouguer 40 Prozent vun der Populatioun iwwer 16 Joer. Dat entsprécht ronn 232.700 Zuschauer (mat RTL ZWEE an RTL PLAY TV Video).

© RTL Grafik

TF1 ass deen auslännesche Sender, deen am meeschte vun der internationaler Communautéit hei am Land gekuckt gëtt, dat mat 57.400 auslännesche Residenten all Woch, an och den zweetmeescht gekuckte Sender am Land mat 99.300 Spectateuren iwwer 16 Joer.

Kino

D'Popularitéit vum Kino klëmmt weider. Am Zäitraum vu sechs Wochen huet ee vu véier Awunner d'Kinossäll besicht, woubäi d'Altersgrupp tëscht 16 a 34 Joer iwwerduerchschnëttlech staark vertrueden ass.

Digital

D'online Sitten an d'Appe vun RTL bauen hir staark Positioun am Land ënnert den digitale Lëtzebuerger Medie weider aus. D'Couverture vun RTL erreecht bei der Populatioun iwwer 16 Joer hei 42,3 Prozent den Dag a 66 Prozent d'Woch (zesumme mat RTL Infos an RTL Today).

© RTL Grafik

Kombinéiert een d'Tëlee, d'Radioen an déi digital Servicer vun RTL, erreecht d'Mark all Dag 346.300 Awunner iwwer 16 Joer aus dem Grand-Duché.

Dëst ass en neien Audienze-Rekord. Dofir e ganz grousse MERCI vun der ganzer Ekipp.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO