Invité vun der Redaktioun (19. Oktober) - Michel Wurth38 Stonnewoch bedeit 5% méi Salariéen, an domat och méi Stau

François Aulner
En Vue vun de Koalitiounsverhandlungen déi ustinn, sot de Michel Wurth, dass eng Propos vun der LSAP, d'Aarbechtszäit erof ze setzen, net déi richteg ass.
VIDEO: Radio - Invité vun der Redaktioun
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Michel Wurth vun der UEL wënscht sech, datt déi nächst Regierung eng erfollegräich Regierung gëtt. Dat sot de President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises e Freideg de Moien am RTL Interview. Hie waren eisen Invité vun der Redaktioun.

En Vue vun de Koalitiounsverhandlungen déi ustinn, sot hien, dass eng Propos vun der LSAP, d'Aarbechtszäit erof ze setzen, net déi richteg ass. D'Fro misst anescht gestallt ginn, an zwar wéi et méiglech ass manner Stau ze kréien. 
Wann eng et zu enger 38 Stonnewoch kéim, géif dat bedeiten, dass d'Salariéen 12 fräi Deeg kréien, dat géif awer och 5% méi Salariéen bedeiten, deemno och méi Stau, sou de Michel Wurth.

En Vue vun de Koalitiounsverhandlungen déi ustinn, sot de Michel Wurth, dass eng Propos vun der LSAP, d'Aarbechtszäit erof ze setzen, net déi richteg ass.

De President vun der UEL mécht sech staark, fir méi Flexibilitéit fir d'Entreprisen. Et dierfte keng Decisioune geholl ginn zum Nodeel vun der Aarbechtszäit, dat wier schlëmm fir di Kleng- a Mëttelbetriber.

Wat d'Annonce vun der DP betrëfft ee Congé Parental plus anzeféieren, kann dat dem Michel Wurth no vläicht eng Méiglechkeet fir d'Entreprise sinn, fir sech ze organiséieren. Wa vill Aarbecht ass, gëtt geschafft a wa manner Aarbecht ass géif och manner geschafft ginn. Et misst ee positiv an d'Gespréicher goen.

Wat den Aarbechtsmaart betrëfft, sot de Michel Wurth, dass et den Entreprisen nach ëmmer u gutt ausgebilte Leit feet. D'Chef d'entreprise géifen awer alles maachen, fir gutt mat hire Leit ze fueren, de Klassekampf wier eriwwer.

Weider muss d'Digitalisatioun viru gedriwwe ginn. Eis Regierung géif dem jo positiv géintiwwer stoen, huet de President vun der UEL begréisst.

E grousse Feeler, deen d'Regierung kéint maachen, wier deen, dass den Entreprisen déi produktiv sinn a vill Sue bréngen, d'Liewe schwéier gemaach gëtt. Dee Moment géif een deen Aascht ofseeën, op deem mer sëtzen.

En Vue vun de Koalitiounsverhandlungen déi ustinn, sot de Michel Wurth, dass eng Propos vun der LSAP, d'Aarbechtszäit erof ze setzen, net déi richteg ass.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO