Meteolux huet en Dënschdeg formell aktéiert, wat mer um eegene Leif déi lescht Méint gespuert hunn. Zu Lëtzebuerg gouf et nach ni sou e waarme Summer wéi dësen. An d’Bauere mat hirem more Karschnatz sinn déi éischt Affer vum Klimawiessel, formuléiert et den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen.
Wéi eng Conclusioune missten aus der Siicht vum President vun der Landwirtschaftskommissioun an der Chamber, dem Jeff Boonen, aus dem extreme Wieder a senge Konsequenzen op d’Landwirtschaft gezu ginn? Dat froe mer den CSV-Norddeputéierten, dee selwer och Bauer ass, um 8 Auer als eisen “Invité vun der Redaktioun”.
Ginn et Stellschrauwen, un deenen d’Politik nach dréine misst, fir de Betriber ënnert d’Äerm ze gräifen, och fir méi klima-resilient ze ginn a wéi mussen d’Bauere selwer sech fir d’Zukunft opstellen? Dat diskutéiere mer mam Jeff Boonen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.