Zanter dem 15. August39 Leit aus Afghanistan kruten international Protektioun accordéiert

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift den Ausseminister Jean Asselborn e Mëttwoch an engem Communiqué a reagéiert domat op Reprochë vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot.
© ARIS OIKONOMOU / AFP

Den LRF hat virun enger Woch geschriwwen, d'administrativ Decisioune fir en internationale Schutz wiere fir den Ament komplett suspendéiert. Deem wier net sou, schreift de Ministère.

Bei deenen Dossieren, déi aktuell géinge riskéieren, refuséiert ze ginn, géing een awer waarden, bis ee méi fiabel Informatiounen iwwert d'Situatioun um Terrain hätt. Dat wier am Interessi vun de concernéierten Demandeuren. D'Juridiktiounen hätte sech do der Positioun vum Ministère ugeschloss.

De 15. August haten d'Taliban d'Muecht am Afghanistan iwwerholl an eng nei Regierung opgesat. Dausende Leit hunn doropshin d'Flucht ergraff.

PDF: Communiqué

Back to Top
CIM LOGO