Am Lokalen4 Accidenter an 2 kleng Bränn zu Alzeng

RTL Lëtzebuerg
Vun eise Stroosse bleiwen nach 2 Accidenter vun e Freideg den Owend nozedroen, an 2 Mol hat et zu Alzeng gebrannt. Och um Samschdeg hat et 2 Mol geknuppt.
© RTL Archivbild

Wéi de CGDIS schreift, huet et kuerz virun 19 Auer tëscht dem Keeler Poteau a Rëmeleng gerabbelt, dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

An der Nuecht géint 2 Auer gouf et och een Accident, wou just 1 Persoun liicht blesséiert gouf, déi Kéier tëscht Schieren an Steeën.

Dann huet et awer och nach 2 Mol gebrannt, dat all kéiers zu Alzeng. Eemol stoung um 17 Auer eng Poubelle a Flamen an der Rue de l'Eglise. Nach ee Feier duerch e Kuerzen gouf et um 22.20 Auer nach an der Réiser Strooss.

E Samschdeg de Moie hat et op der N34, Bartreng Direktioun Stroossen, gerabbelt. En Automobilist ass do mat sengem Gefier an e Luuchtepotto gerannt a gouf blesséiert.

Eppes no 9 Auer krute sech Conter an der Rue Edmond Reuter 2 Ween ze paken, och hei ass ee Blesséierten ze bekloen.

Back to Top
CIM LOGO