1124 Accidenter mat 5 Blesséierten, och de Samu koum an den Asaz

RTL Lëtzebuerg
Ee Blesséierten no Accident op der A7: Wéi et säitens dem CGDIS heescht, ass den Accident op der A7 op der Héicht vum Rouscht geschitt.

En Auto huet sech hei aus bis elo ongekläerte Grënn op d’Kopp gedréit an ass och esou leie bliwwen. Eng Persoun gouf blesséiert.

Géint 13.25 Auer gouf et um CR145 tëscht Kanech a Greiweldeng en Accident mat engem Blesséierten.

Um Sennengerbierg an der Route de Trèves sinn en Auto an e Cyclist kollidéiert. Eng Persoun gouf verwonnt. De Samu war op der Plaz.

Géint 15 Auer koum et um CR115 tëscht Biissen an dem Rouscht zu engem Accident mat 2 Gefierer. Hei mellt de CGDIS 2 Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO