
Géint 18.40 Auer e Freideg den Owend war tëscht Lëllgen a Béigen en Auto an e Bam gerannt a géint 19.20 Auer hate sech an der Rue Mathias Cungs zu Diddeleng 2 Autoen ze pake kritt.
Kuerz no 5 Auer e Samschdeg de Moie war en Auto tëscht Hiefenech an der Fiels en Auto accidentéiert.
Ee Blesséierte gouf et, wéi sech géint 9.40 Auer um CR152 tëscht Biermereng an der Fiels en Auto iwwerschloen huet.
Weider mellt de CGDIS, dass géint 10.30 Auer e Kamäin zu Wuelmereng gebrannt hat.