CGDIS4 Blesséierter bei 2 Accidenter an e Feier zu Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg den Owend gouf et 3 Blesséierter bei engem Accident an der Stad, an eng Persoun gouf mi ueerg blesséiert zu Éilereng.

3 Blesséierter um Samschdeg den Owend kuerz no 20.30 Auer, wéi sech an der Diddenuewener Strooss an der Stad, 2 Gefierer ze pake kruten.

D’Stater Ambulanzen an d’Hesper Pompjeeë waren hei am Asaz.

Schonns kuerz no 18 Auer hat sech e Samschdeg den Owend zu Éilereng en Auto iwwerschloen. De Chauffeur ass dobäi mi uerg blesséiert ginn, a nieft de Secouriste vun Esch a Suessem-Déifferdeng war och den Escher Samu-Noutdokter op der Plaz.

Géint 21.30 Auer huet zu Stroossen dann nach e Gas-Grill Feier gefaangen. D’Bartrenger Pompjeeën haten dat awer séier ënner Kontroll, an et blouf beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO