
D’Ambulanze vu Mamer a Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Dippech.
Géint 9.20 Auer sinn an der Dicksstrooss zu Stadbriedemes en Auto an en Trakter anenee gerannt. D’Ambulanz vu Mäertert an d’Pompjeeë vu Réimech waren am Asaz. Eng Persoun ass blesséiert ginn.
Um 10.30 Auer waren zu Hollerech an der Escher Strooss 2 Autoen an en Accident verwéckelt. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. D’Rettungsservicer aus der Stad waren op der Plaz.