
Géint 14.25 Auer koum et tëscht der Boukelsermillen an dem Heischtergronn zu engem Accident, bei deem den automateschen “eCall” declenchéiert gouf. Och hei war eng Persoun verwonnt ginn.
Kuerz no 16.30 Auer hat et dunn um Potaschbierg gerabbelt. Hei waren zwee Autoen involvéiert an et goufen zwou Persoune verwonnt.